Skip to main content

Wikimedia Inhaltsverzeechnes Ziler vun der Fondatioun | De Conseil d'Administratioun | Wikimedia Lëtzebuerg | Um Spaweck | Referenzen NavigatiounsmenüIn Memoriam 9/11NupediaNupediaDonenConseil d'AdministrationgewieltCahier de chargesGouvernanceOffiziell Säit vun der FondatiounWikimedia Foundation BylawsAnnonce vun der FondatiounWikimedians of Lëtzebuerg - User_GroupPublication F11166

Wikipedia


WikipediaWiktionaryWikiquoteWikibooksIn Memoriam 9/11NupediaAssociation sans but lucratifFloridaUSA2003Jimbo WalesWikiWikiWikipediaDictionnaireThesaurusZitaterDomaine publicNupediaDonenJimbo WalesTim ShellMichael DavisConseil d'AdministrationAngela BeesleyFlorence DevouardgewieltCahier de chargesGouvernanceAssociation sans but lucratifRegistre de Commerce et des SociétésAstro-JuppCayambeGilPeLes MelouresMMFERobbySoued031Sultan EdijingoZinneke










Wikimedia


Vu Wikipedia

Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen




Wikimedia Logo


D'Wikimedia Foundation Inc. ass d'Organisatioun déi sech ëm Wikipedia, Wiktionary, Wikiquote, Wikibooks, In Memoriam 9/11 an Nupedia këmmert. Wikimedia ass eng Association sans but lucratif déi ënner d'Gesetz vum Bundesstaat Florida, USA fält. D'offiziell Existenz vun der Fondatioun gouf den 20. Juni 2003 vum Jimbo Wales bekannt ginn, de Cofondateur vu Wikipedia.




Inhaltsverzeechnes





  • 1 Ziler vun der Fondatioun


  • 2 De Conseil d'Administratioun


  • 3 Wikimedia Lëtzebuerg


  • 4 Um Spaweck


  • 5 Referenzen




Ziler vun der Fondatioun |


D'Fondatioun huet als Zil fir d'Gebuert an de Wuesstum vu Projeten z'ënnerstëtzen, déi fräit Wëssen nom WikiWiki Prinzip vermëttelen. Ausser der aktueller Enzyklopedie Wikipedia existéiert och een Dictionnaire- an Thesaurus-Projet (Wiktionary), eng Enzyklopedie mat Zitater (Wikiquote), an eng Lëscht vu Bicher déi sech haaptsächlech u Studente riicht (Wikibooks), haaptsächlech mat Wierker aus dem Domaine public.


D'Fondatioun geréiert och en Ensembel vun Artikelen a Gedenken un den 11. September. Schlussendlech geréiert d'Fondatioun och den Nupedia-Projet (wat keng Wiki ass, mä wou de Contenu trotzdeem fräi ass). Am Moment ass dëse Projet allerdéngs e bessen op Äis geluecht.


D'Mataarbechter vu Wikipedia a vun deenen anere Projeten hoffen, datt duerch eng Fondatioun sans but lucratif an duerch noutwännesch Donen de Projet um Liewe ka gehale ginn.


Beim Bekanntgi vun der Grënnung vun der Fondatioun huet den Jimbo Wales och all Copyright, all Domain Numm un d'Fondatioun iwwerschriwwen. D'informatesch Infrastruktur gouf och vum Jimbo zur Verfügung gestallt.



De Conseil d'Administratioun |


Am Januar 2004 huet den Jimbo Wales den Tim Shell an de Michael Davis als Membere vum Conseil d'Administration nominéiert. Am Juni gouf et Wale fir zwéi weider Memberen. Et goufen d'Angela Beesley an d'Florence Devouard gewielt, als Representanten vun alle Mataarbechter un de Wikimedia Projeten.


Et gouf schonn eng jett Diskussiounen iwwer d'Responsabilitéite vum Conseil d'Administration a si hunn e Cahier de charges opgestallt. Gouvernance Methoden no engem egalitäre Prinzip ginn envisagéiert.



Wikimedia Lëtzebuerg |


Wikimedia Lëtzebuerg ass eng Associatioun, déi de 26. November 2016 gegrënnt gouf an den 1. Februar als Association sans but lucratif am Registre de Commerce et des Sociétés ënner der Referenz F11166 ageschriwwe gouf[1].


Den Zweck vun der Associatioun ass:


  • d'Schafen, d'Verdeelen an de Gebrauch vu fräien edukative Contenuen ze promovéieren

  • dat fräit Verdeele vu Wëssen ze promovéieren

  • d'Projeten an d'Communautéite vun deenen ënnerstëtzen, déi bei Wikimedia bäidroen, z.B. Wikipedia, Wiktionnaire oder Wikimedia

  • mat der Wikimedia Foundation matschaffen an och am Reseau vun den Chapter vun Evenementer, Programmer a gemeinsamen Aktiounen

  • Projete mat de selwechten Ziler a Wäerter ënnerstëtzen

  • op d'Problematik vun der intellektueller Proprietéit sensibiliséieren, a besonnesch déijéineg, déi mat den Auteursrechter zesummenhänken an eng Gesetzgebung verdeedegen déi déi intellektueller Proprietéit an Aklang mat de Wäerter an Ziler vun der Associatioun stellt.

D'Grënnungsmembere sinn d'Benotzer †Astro-Jupp, Cayambe, GilPe, Les Meloures, MMFE, Robby, Soued031, Sultan Edijingo an Zinneke.



Um Spaweck |


  • Offiziell Säit vun der Fondatioun


  • Wikimedia Foundation Bylaws (PDF)


  • Annonce vun der Fondatioun (en)

  • Wikimedians of Lëtzebuerg - User_Group





Commons-logo.svg
   



Commons: Wikimedia Foundation – Biller, Videoen oder Audiodateien


Referenzen



  1. Publication F11166



Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Wikimedia&oldid=2169801“





Navigatiounsmenü


























(window.RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgPageParseReport":"limitreport":"cputime":"0.052","walltime":"0.091","ppvisitednodes":"value":108,"limit":1000000,"ppgeneratednodes":"value":0,"limit":1500000,"postexpandincludesize":"value":1659,"limit":2097152,"templateargumentsize":"value":159,"limit":2097152,"expansiondepth":"value":4,"limit":40,"expensivefunctioncount":"value":0,"limit":500,"unstrip-depth":"value":0,"limit":20,"unstrip-size":"value":340,"limit":5000000,"entityaccesscount":"value":0,"limit":400,"timingprofile":["100.00% 23.885 1 -total"," 60.09% 14.353 1 Schabloun:Commonscat"," 39.04% 9.324 1 Schabloun:Referenzen"," 22.78% 5.441 1 Schabloun:Clr"," 22.12% 5.283 1 Schabloun:Commons"," 11.35% 2.710 1 Schabloun:Link-Bild"],"cachereport":"origin":"mw1278","timestamp":"20190316222635","ttl":2592000,"transientcontent":false););"@context":"https://schema.org","@type":"Article","name":"Wikimedia","url":"https://lb.wikipedia.org/wiki/Wikimedia","sameAs":"http://www.wikidata.org/entity/Q180","mainEntity":"http://www.wikidata.org/entity/Q180","author":"@type":"Organization","name":"Autoren der Wikimedia-Projekte","publisher":"@type":"Organization","name":"Wikimedia Foundation, Inc.","logo":"@type":"ImageObject","url":"https://www.wikimedia.org/static/images/wmf-hor-googpub.png","datePublished":"2004-08-16T00:27:56Z","dateModified":"2019-03-16T22:26:46Z","image":"https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/3/31/Wikimedia_Foundation_logo_-_vertical.svg"(window.RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgBackendResponseTime":187,"wgHostname":"mw1261"););

Popular posts from this blog

Masuk log Menu navigasi

16 Maret Daftar isi Peristiwa | Kelahiran | Meninggal | Hari raya dan peringatan | Menu navigasis

ジョン・ファウルズ