Skip to main content

Lëtzebuerg (Land) InhaltsverzeechnesGeschichtPolitik Sproochesituatioun zu Lëtzebuerg Administrativ AndeelungJustizGeographieGeologieEkonomie Bevëlkerung KulturAudiovisuellLiteraturKuckt ochUm SpaweckReferenzen an NottenNavigatiounsmenüProduktiounsfirmaenHaaptsäit vun der Lëtzebuerger RegierungHaaptsäit vun der Lëtzebuerger AdministratiounKulturgeschicht vu LëtzebuergIs it true what they say about… Luxembourg?, 10 Kuerzfilmer iwwer Lëtzebuergää"Le seuil des 600 000 habitants dépassé au 1er janvier 2018 ."Mémorial A n°16: 196-197, 27.02.1984"Population par sexe et par nationalité au 1er janvier (x 1 000) 1981, 1991, 2001 - 2017.""Vue d'ensemble du marché du travail (en 1 000 personnes) 2000 - 2016"

BelschBulgarienDäitschlandÉisträichDänemarkEstlandFinnlandFrankräichGriichelandGroussbritannienIrlandItalienKroatienLettlandLitauenLëtzebuergMaltaHollandPolenPortugalRumänienSchwedenSlowakeiSlowenienSpuenienTschechesch RepublikUngarnZypernAlbanienBelschBulgarienDäitschlandDänemarkEstlandFrankräichGriichelandGroussbritannienHollandIslandItalienKanadaKroatienLettlandLitauenLëtzebuergMontenegroNorwegenPolenPortugalRumänienSlowakeiSlowenienSpuenienTierkeiTschechesch RepublikUngarnUSA


LëtzebuergKarlspräis


Lëtzebuerger FändelDetailerLandEuropaDäitschlandBelschFrankräichkm²StatecUEBLBeneluxEuropäescher UniounOECDNATO963SiegfriedArdennergrofenAbtei Sankt MaximinTréierFeelenBockfielsStad Lëtzebuerg1354DurbuyLa RocheArelHerzogtum Lëtzebuerg179495Grofschaft ChinyHaus Lëtzebuerg1437144143Herzog vu BurgundPhilipp de GuddenBurgundeschen Nidderlanden1477Karel de KéngenMarie de BourgogneHabsburg1556Philippe IISpuenesch Nidderlanden1581Südlechen NidderlandenRhäinDrëssegjärege Krich1659Traité vun de PyrenäenDiddenuewenMontmédyDamvillersIvoy1684Louis XIV.Festung Lëtzebuerg169717131714Spueneschen IerffollegkrichKoalitiounskrichÉisträicheschen NidderlandenFranséisch RevolutiounstruppenDépartements réunisLéckStavelot-MalmedyBouillonTraité vu Campo-Formiono internationalem RechtWiener Kongress1815MuselVeianenWëllem I.PersonaluniounGroussherzog vu LëtzebuergDäitsche BondFrankfurtBelsch Revolutioun19. Abrëll1839BelschTraité vu Londonfranco-romaneschProvënz Lëtzebuerggermanophonen18901848Konstitutioun1856Wëllem III.StaatsstreechBau vun engem Eisebunnsreseau1858Entwécklung vun der EisenindustrieMinettDäitschen Zollveräin1867Preisesch-Éisträichesche KrichNapoléon III.Traité vu London1868eegene BistumNicolas Adames1890Oranien-NassauAdolf vun NassauNassau-Weilburg191419181940194445ÉischtenZweete WeltkrichGielemännercher1942Wehrmachtagezu ginn194445ArdennenoffensivBeneluxNATOCECAEUDemokratiekonstitutioneller MonarchieGroussherzogChambervéier WalbezierkerChamberwale vum 20. Oktober 2013Chrëschtlech-Sozial VolleksparteiLSAPDemokratesch ParteiDéi GréngAlternativ Demokratesch ReformparteiDéi LénkPirateparteiKPLPIDRegierung Bettel-Schneidersechs DeputéiertEuropäesche ParlamentMinistesch-Conseil24. Februar1984NationalsproochLëtzebuergeschFranséischDäitschenSchwäizBelschPolyglossieDialektgermanesch SproochKantonen102GemengenDräi VerwaltungsdistrikterGeriichtsbezierkerFriddensgeriichterBelschFrankräichDäitschlandArcelorGoodyearCactusCFLBGL BNP ParibasBanque internationale à LuxembourgLuxairPedus ServiceBCEEGuardianDu Pont de NemoursKredietbankCourthéoux-MatchCargoluxGroupe Saint-PaulBrink's Security LuxembourgINGCéramétalAuchanLëtzebuergerEU-StaatenFrontaliere2007Kulturhaaptstad vun Europa19291954RTL Group1988Astra 1ASESBetzderLëtzebuerger FilmproduktiounProduktiounsfirmaen










Lëtzebuerg (Land)


Vu Wikipedia

Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen





Disambig.svg
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Land Lëtzebuerg. Fir aner Bedeitungen, kuckt w.e.g. Lëtzebuerg.








































Groussherzogtum Lëtzebuerg
Grand-Duché de Luxembourg
Großherzogtum Luxemburg







Lëtzebuerger Fändel



Wope vu Lëtzebuerg

Detailer



Detailer

EU location LUX.png


Offiziell Sprooch:

(Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch)[1].

Haaptstad:

Lëtzebuerg
 • Awunner:
116.323 (1 Januar 2018)
 • Koordinaten:
49°36'N, 6° 8'E


Staatsform:

Konstitutionell Monarchie
 • Groussherzog:

Henri
 • Premierminister:

Xavier Bettel


Fläch:
2.586,4 km² (168.)
 • Dovu Waasser:
0,60 %


Bevëlkerung:
602.005 (1.1.2018)[2] (164.)
 • Bevëlkerungsdicht:
233/km²


Onofhängegkeet:

19. Abrëll 1839 vun Holland (Vertrag vu London)

11. Mee 1867 international unerkannt (2. Vertrag vu London)



Nationalfeierdag:

23. Juni

Nationalhymn:

Ons Heemecht

Währung:

Euro (virun 1999: Lëtzebuerger Frang)

Zäitzon:

UTC +1 (+2 am Summer)

Internet TLD:

.lu

Internationalen
Telefonsprefix:
+352

Lëtzebuerg, offiziell d'Groussherzogtum Lëtzebuerg, ass e Land an Europa, dat tëscht Däitschland, der Belsch a Frankräich läit. Et huet eng Fläch vun 2.586 km² an hat den 1. Januar 2018 dem Statec no 602.005 Awunner[3]. Lëtzebuerg ass Member vun der UEBL, dem Benelux, der Europäescher Unioun, der OECD an der NATO.




Inhaltsverzeechnes





  • 1 Geschicht

    • 1.1 Grofschaft, dunn Herzogtum Lëtzebuerg


    • 1.2 D'Groussherzogtum



  • 2 Politik


  • 3 Sproochesituatioun zu Lëtzebuerg


  • 4 Administrativ Andeelung


  • 5 Justiz


  • 6 Geographie


  • 7 Geologie


  • 8 Ekonomie


  • 9 Bevëlkerung

    • 9.1 Alterspyramid



  • 10 Kultur


  • 11 Audiovisuell


  • 12 Literatur


  • 13 Kuckt och


  • 14 Um Spaweck


  • 15 Referenzen an Notten



Geschicht


Note: Vun der Geschicht vum haitege Staat Lëtzebuerg kann een eréischt vum 19. Joerhonnert u schwätzen. Virdrun ass d'Geschicht vu Lëtzebuerg als déi vun der Géigend ze verstoen, resp. där vun der Grofschaft an duerno dem Herzogtum mam selwechten Numm.



Grofschaft, dunn Herzogtum Lëtzebuerg


Ëm d'Joer 963 (den Datum ass ëmstridden) huet de Siegfried aus dem Haus vun den Ardennergrofen mat der Abtei Sankt Maximin vun Tréier Lännereien zu Feelen géint de Bockfiels, op deem e spéitréimescht Kastell mam Numm Lucilinburhuc stoung, getosch. Do ronderëm huet sech d'Stad Lëtzebuerg entwéckelt, an d'Haus Lëtzebuerg huet sech zu enger Grofschaft etabléiert.


Nuvola apps xmag.png Méi Informatioun doriwwer am Artikel Stad Lëtzebuerg an am Artikel Grofschaft Lëtzebuerg


1354 ass d'Grofschaft Lëtzebuerg mat hiren Annexen (Durbuy, La Roche, Arel, asw.) zu enger neier Entitéit gemaach ginn, an zwar zum Herzogtum Lëtzebuerg. Nieft deem Herzogtum, dat bis 1794/95 gedauert huet, koum nach d'Grofschaft Chiny an de Besëtz vum Haus Lëtzebuerg, ouni awer formell an d'Herzogtum Lëtzebuerg integréiert ze ginn.


1437 ass d'Haus Lëtzebuerg ausgestuerwen, an d'Herzogtum Lëtzebuerg koum 1441/43 an de Besëtz vum Herzog vu Burgund, dem Philipp de Gudden a gouf domat een Deel vun de Burgundeschen Nidderlanden. Déi gounge 1477, nom Doud vum Karel de Kéngen, an duerch d'Bestietnes vun deem senger Duechter Marie de Bourgogne mam [Maximilian I. (HRR)|[Maximilian vun Habsburg]], un d'Haus Habsburg.


Duerch Ierfschaft koum Lëtzebuerg 1556 an de Besëtz vum spuenesche Kinnek Philippe II. Vun do un heeschen d'Gebidder, déi als Nidderlande bezeechent ginn, Spuenesch Nidderlanden. 1581, no de Konfessiounskricher, hu sech d'Nidderlande gedeelt, d'Herzogtum Lëtzebuerg war vun do un Deel vun de Südlechen Nidderlanden, déi och einfach weider Spuenesch Nidderlanden oder nach kathoulesch Nidderlanden genannt gi sinn. Frankräich, dat d'Ëmklamerung duerch d'Habsburger sprengen, a gläichzäiteg de Rhäin als Grenz erreeche wollt, huet sech och fir d'Nidderlanden intresséiert, an dofir koum et ëmmer nees zu Kricher.


Nom Drëssegjärege Krich an dem spuenesch-franséische Kontinuatiounskrich koum et 1659 zum Traité vun de Pyrenäen an deem ë. a. decidéiert gouf, datt Deeler vum Herzogtum Lëtzebuerg u Frankräich kéimen (Diddenuewen, Montmédy, Damvillers, Ivoy, asw.)[4]. 1684 huet de Louis XIV. d'Festung Lëtzebuerg eruewert, an d'Herzogtum huet de facto bis 1697 zu Frankräich gehéiert.


1713/1714, nom Spueneschen Ierffollegkrich, goungen d'Südlech Nidderlanden, inklusiv Lëtzebuerg, un déi éisträichesch Habsburger-Linn. Déi Éisträichesch Period huet bis zum éischte Koalitiounskrich gedauert, an der Eruewerung vun den Éisträicheschen Nidderlanden duerch d'Franséisch Revolutiounstruppen 1794/95.


D'Herzogtum Lëtzebuerg, grad wéi och déi aner Fürstentümer, déi d'Nidderlanden ausgemaach haten, sinn ofgeschaaft ginn. D'Fransousen hunn 9 Départements réunis (à la France) amplaz vun de fréieren Nidderlanden a vun den onofhängege Principautéite vu Léck, Stavelot-Malmedy a Bouillon agefouert. Dem alen Herzogtum Lëtzebuerg säi Gebitt ass op dräi Departementer verdeelt ginn: Forêts, Sambre-et-Meuse an Ourthe. Duerch den Traité vu Campo-Formio, am Oktober 1797, huet Éisträich zu Gonschte vu Frankräich op déi südlech Nidderlande verzicht. Domat waren och d'Awunner vum ale Lëtzebuerger Raum no internationalem Recht Fransousen.



D'Groussherzogtum


Um Wiener Kongress 1815 gouf dat viregt Herzogtum Lëtzebuerg vun den europäesche Groussmuechten net "restauréiert". D'Preisen, déi d'Ostufer vun der Musel scho besat haten, kruten nach all déi al lëtzebuergesch Gebidder ëstlech vun der Our, mat Ausnam vu Veianen, an déi ëstlech vun der Sauer. Aus dem Gebitt vum Département des Forêts an Deeler vum Departement Sambre-et-Meuse ass, aus reng strategesch-diplomateschen an dynastesche Grënn, ee Groussherzogtum ginn. De Wëllem vun Oranien-Nassau, dee grad kuerz virdrun als hollännesche Kinnek Wëllem I. unerkannt gi war, gouf a Personalunioun Groussherzog vu Lëtzebuerg. Dat neit Lëtzebuerger Land gouf och an den Däitsche Bond (eng Zort Ersatzräich) integréiert, an d'Festung Lëtzebuerg gouf eng "Bundesfestung", wat dem preisesche Kinnekräich d'Garnisounsrecht erméiglecht huet. Vun Zäit zu Zäit sollten d'Vertrieder vun deene ronn 40 Länner, déi am Däitsche Bond waren, sech ënner dem Virsëtz vum Keeser vun Éisträich zu Frankfurt treffen. Well de Wëllem I., dee Kinnek vun de Vereenegten Nidderlande war, och als Herrscher vu Lëtzebuerg wéi ee Kinnek wollt behandelt ginn, huet hien um Wiener Kongress drop gehale fir "Grouss"-Herzog ze ginn, also eng "Kinneklech" Houheet (deut. "Königliche Hoheit", fra. "Altesse royale"), wat en als "einfachen" Herzog vu Lëtzebuerg net hätt kënne sinn. Dat ass d'Erklärung, firwat Lëtzebuerg als Grouss-Herzogtum nei entstanen ass (et huet deemno glat näischt mat der Gréisst vum Land ze dinn). 1830 huet dem Wëllem I. seng onglécklech-ongerecht Politik a senge Südprovënzen d'Belsch Revolutioun ausgeléist, déi och ee gudden Deel vun de Lëtzebuerger begeeschtert huet, well hien, eise Groussherzog, säi Groussherzogtum praktesch ëmmer nëmme wéi déi 19. Provënz vu sengem Räich behandelt hat. Den 19. Abrëll 1839, néng Joer no der Grënnung vun der Belsch, gouf um Traité vu London, no laangem hin an hier, d'Groussherzogtum an zwee gedeelt: de westlechen Deel, deen haaptsächlech franco-romanesch (Wallounesch a Louthrengesch) war, gouf als Provënz Lëtzebuerg der Belsch zougesprach, an de germanophonen, also ëstlechen Deel, ass - weiderhin als Groussherzogtum - fir d'éischt Kéier een eegestännege Staat ginn, allerdéngs nach ëmmer (bis 1890) a Persunalunioun mat Holland.


Nuvola apps xmag.png Méi Informatioun doriwwer am Artikel: De Mythos vun der Onofhängegkeet 1839




Kaart vu Lëtzebuerg zanter 1839


1848, ënner dem Wëllem II., krut Lëtzebuerg seng éischt eege Konstitutioun, deemools eng vun deene liberaalsten, mä schonn 1856 huet de Wëllem III., duerch e Staatsstreech, deen Text nees ausser Kraaft gesat. Mam Bau vun engem Eisebunnsreseau krut Lëtzebuerg vun 1858 un Uschloss un d'Nopeschlänner, an d'Entdeckung vun neie Produktiounsmethoden hunn der Entwécklung vun der Eisenindustrie am Minett e groussen Opschwong ginn, soudatt Lëtzebuerg wirtschaftlech ewell besser do stoung. D'Integratioun vu Lëtzebuerg an den Däitschen Zollveräin, vun 1842 un, hat allerdéngs schonn déck zu dësem Opschwong bäigedroen…1867, ee Joer no der preisescher Victoire géint Éisträich am Preisesch-Éisträichesche Krich, an dem Ënnergank vum Däitsche Bond, koum et bal zum Verkaf vum Lëtzebuerger Land duerch de Wëllem III. un den Napoléon III., Keeser vun de Fransousen. Am däitsche Raum war vill Oppositioun géint dëse Projet, a fir wéinst der Lëtzebuerg-Kris e Krich tëscht Preisen a Frankräich ze verhënneren, gouf an engem neien Traité vu London Lëtzebuerg als fir ëmmer neutral an onofhängeg erkläert: d'Preisen, déi hir Garnisoun no 1866 zu Lëtzebuerg "vergiess" haten, hunn hir Zaldote mussen ofzéien, an d'Festung ass geschleeft ginn. 1868 krut Lëtzebuerg, an deem neie Kontext, och eng nei Konstitutioun, een Text, deen an der Haaptsaach d'Verfaassung vun 1848 reproduzéiert huet. 1870/73 gouf d'Land zu engem eegene Bistum gemaach, an de Mgr Nicolas Adames ass éischte Bëschof vu Lëtzebuerg ginn.


1890 hat dat hollännescht Herrscherhaus vun Oranien-Nassau kee männlechen Nokomme fir op de lëtzebuergeschen Troun, a sou krut d'Land, an der Persoun vum Adolf vun Nassau, dee säin Herzogtum 1866 u Preise verluer hat, säin "eegenen" Herrscher a säin "eegent" Herrscherhaus (dat vun Nassau-Weilburg).


D'éiweg Neutralitéit huet 1914-1918 a 1940-1944/45 Däitschland net doru gehënnert, Lëtzebuerg am Éischten an am Zweete Weltkrich ze besetzen. Am Zweete Weltkrich gouf Lëtzebuerg de facto wéi e Reichsgebiet behandelt. Am Ufank mat schéi Schwätzen, duerno mat Terror, hunn d'Besatzer probéiert, d'Lëtzebuerger dovun z'iwwerzeegen, datt si Heim ins Reich géife gehéieren. Eng lëtzebuergesch Minoritéit, déi ofschätzeg "Gielemännercher", genannt gouf, huet mat den Nazie collaboréiert. Vun 1942 sinn d'Lëtzebuerger an d'Wehrmacht agezu ginn. 1944/45 gouf den Norde vum Land während der Ardennenoffensiv uerg zerstéiert.


Nuvola apps xmag.png Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Lëtzebuerg am Zweete Weltkrich


Nom Krich huet Lëtzebuerg seng Neutralitéit opginn an ass Member vun enger Rëtsch inter- oder supranationalen Organisatioune ginn, dorënner dem Benelux, der NATO an der CECA, dem éischte Virleefer vun der EU.


Nuvola apps xmag.png Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Geschicht vu Lëtzebuerg


Politik


Lëtzebuerg ass eng representativ Demokratie, a Form vun enger konstitutioneller Monarchie mat engem Groussherzog als Chef vum Land.


Nuvola apps xmag.png Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Politesche System vu Lëtzebuerg


E Parlament, Chamber genannt, gëtt fir 5 Joer gewielt; 60 Deputéierte vertriede véier Walbezierker. D'Opdeelung vun de Sëtzer no de Chamberwale vum 20. Oktober 2013 ass déi heiten: d'Chrëschtlech-Sozial Vollekspartei (chrëschtdemokratesch) 23 Sëtzer, d'LSAP (sozialistesch) 13 Sëtzer, d'Demokratesch Partei (liberal) 13 Sëtzer, Déi Gréng (gréng) 6 Sëtzer, d'Alternativ Demokratesch Reformpartei 3 Sëtzer an Déi Lénk 2 Sëtz. D'Piratepartei, d'KPL an d'PID sinn net an der Chamber vertrueden. Aus deene Walen ass d'Regierung Bettel-Schneider ervirgaangen, eng Koalitiounsregierung aus DP, LSAP an Déi Gréng. Si gouf de 4. Dezember 2013 vereedegt.


Um Plang vun der Europäescher Unioun ass Lëtzebuerg duerch sechs Deputéiert (vun am Ganze 754) am Europäesche Parlament vertrueden. Am Ministesch-Conseil huet et 4 Stëmmen (op 345).



Sproochesituatioun zu Lëtzebuerg


D'Lëtzebuerger Verfassung seet (no enger Ännerung vun 1948), datt e Gesetz de Sproochegebrauch regelt. Dës Gesetz vum 24. Februar 1984[5] leet fest, datt d'Nationalsprooch vun de Lëtzebuerger d'Lëtzebuergesch ass; datt d'Gesetzestexter an hir Bestëmmungen, wéi s'auszeféiere sinn, op Franséisch geschriwwe ginn; an datt ee, wat d'Verwaltungssproochen a juristesch Sprooche betrëfft, vum Franséischen, Däitschen oder Lëtzebuergesche Gebrauch maache kann. Bierger kënnen eng Demande un d'Verwaltung op Lëtzebuergesch, Franséisch oder Däitsch schreiwen, d'Äntwert muss, sou wäit wéi méiglech, an därselwechter Sprooch sinn.


Am Géigesaz zu Länner wéi z. B. der Schwäiz oder der Belsch, wou jee no Regioun verschidde Sprooche geschwat ginn, ass d'Distributioun vun de Sproochen net geographesch, mä funktionell an individuell ("Polyglossie").


Nuvola apps xmag.png Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Méisproochegkeet zu Lëtzebuerg


D'Lëtzebuergesch huet sech lues a lues an der Perceptioun vun de Lëtzebuerger vun enger Variant vum Däitschen (Onst Däitsch) zu enger eegener Sprooch gewandelt. Och vum Gebrauch hir ass et an deene leschte Joerzéngten iwwer déi traditionell Domäne vun engem Dialekt erausgewuess a gëtt haut vun der Fuerschung als déi neist germanesch Sprooch ugesinn.


Nuvola apps xmag.png Méi Informatioun doriwwer am Artikel Lëtzebuergesch an am Artikel Geschicht vun der Lëtzebuerger Sprooch




administrativ Andeelung


Administrativ Andeelung


Lëtzebuerg ass an zwielef Kantonen an 102 Gemengen agedeelt. Dräi Verwaltungsdistrikter, déi et virdru gouf, goufen 2015 ofgeschaaft.
Nuvola apps xmag.png Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Administrativ Andeelung vu Lëtzebuerg


Justiz


D'Land ass an zwéi Geriichtsbezierker agedeelt, de Bezierk Lëtzebuerg an de Bezierk Dikrech. De Bezierk Lëtzebuerg ass fir d'Friddensgeriichter op Lëtzebuerg an Esch-Uelzecht opgedeelt.


Geographie


Lëtzebuerg läit a Westeuropa tëscht der Belsch, Frankräich an Däitschland.


Nuvola apps xmag.png Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Geographie vu Lëtzebuerg


Geologie


Nuvola apps xmag.png Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Geologie vu Lëtzebuerg


Ekonomie


Nuvola apps xmag.png Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Lëtzebuerger Wirtschaftsstruktur


Zu den Haaptentreprisen zu Lëtzebuerg zielen (klasséiert no der Zuel vun hiren Employéen): Arcelor, Goodyear, Groupe Cactus, CFL, BGL BNP Paribas, Banque internationale à Luxembourg, Luxair, Pedus Service, BCEE, Groupe Guardian, Du Pont de Nemours, Kredietbank, Groupe Courthéoux-Match, Cargolux, Groupe Saint-Paul, Brink's Security Luxembourg, ING, Groupe Céramétal, Auchan Luxembourg.



Bevëlkerung


Nuvola apps xmag.png Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Bevëlkerung zu Lëtzebuerg

Lëtzebuerg hat den 1. Januar 2017 ronn 590.700 Awunner, eng 14.500 méi wéi dat Joer virdrun. Dovu sinn 309.200 (52,3%) Lëtzebuerger an 281.500 Auslänner (47,7%). Vun der Gesamtbevëlkerung si ronn 96.800 Leit Portugisen, 44.300 Fransousen, 21.300 Italiener, 20.000 Belsch, 13.100 Däitscher, 6.100 Britten a 4.300 Hollänner. Eng weider 34.400 Leit hunn d'Nationalitéit vun aneren EU-Staaten, a 41.200 vu baussent der EU.[6]


Am Laf vum Joer 2009 ass d'Zuel vun enger hallwer Millioun Awunner iwwerschratt ginn. Vun 1995 bis 2010 ass d'Wunnbevëlkerung, bannent 15 Joer, ëm ronn 100.000 Leit gewuess; vum Enn vum Zweete Weltkrich bis 2016 souguer ëm 286.000, wat praktesch eng Verduebelung ass. De Bevëlkerungswuesstem geet zum groussen Deel op den Zouzuch vu Leit aus dem Ausland zréck, déi op Lëtzebuerg schaffe kommen:


D'Zuel vun den Aarbechtsplazen ass vun 197.500 am Joer 1995 iwwer 307.700 am Joer 2005 op p 418.400 am Joer 2016 geklommen.[7]. Dës héich Zuel vun Aarbechtsplaze bréngt och mat sech, datt déi zu engem ëmmer méi groussen Deel vu sougenannte Frontaliere besat ginn. Hir Zuel ass vu 56.100 am Joer 1995 iwwer 119.700 am Joer 2005 op 173.800 am Joer 2015 geklommen. 2016 waren et der 180.900.[7]


Alterspyramid


380x

Kultur


2007 war Lëtzebuerg mat der Groussregioun Kulturhaaptstad vun Europa.


Nuvola apps xmag.png Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Kultur zu Lëtzebuerg


Audiovisuell


Lëtzebuerg huet joerzéngtelaang eng Pionéierroll a punkto europawäite kommerzielle Radio- (zanter 1929) an Televisiounsprogrammer (zanter 1954) gespillt. Haut nach huet d'RTL Group hei hire Sëtz. 1988 gouf deen éischte Lëtzebuerger Televisiounssatellit, Astra 1A op Orbit geschéckt; eng sëlleche koumen der no, déi vun der SES, déi hire Sëtz zu Betzder huet, bedriwwe ginn.


An deene leschte 2 Joerzéngten huet och d'Lëtzebuerger Filmproduktioun en Opschwong erlieft, ongeféier 40 Produktiounsfirmaen gëtt et am Land.


Literatur



  • Pauly, M., 2011. Geschichte Luxemburgs. Verlag C.H. Beck, München, 128 S. ISBN 978-3-406-62225-0


  • Storoni, A., 2010. Les Paysages Géologiques du Luxembourg. 57 S. Éditions Schortgen, Esch-Uelzecht. ISBN 978-2-87953-096-3

  • Bousch, P., T. Chilla, P. Gerber, O. Klein, C. Schulz, C. Sohn & D. Wiktorin (Koord.), 2009. Der Luxemburg Atlas. Atlas du Luxembourg. 224 S. emons: (=Hermann-Josef Emons Verlag). ISBN 978-3-89705-692-3 (D'Artikele sinn zu engem Deel op Franséisch, déi aner op Däitsch geschriwwen).


  • Goerens, Jean-Mathias, Jean-Claude Muller, Yves Robert, Gian Giuseppe Simeone, Gilbert Trausch, Danièle Wagner & Frank Wilhelm, 1995. Grand-duché de Luxembourg. Le guide. Éditions Saint-Paul. 239 S. ISBN 2-87963-206-4. (En Iwwerbléck iwwer d'Geschicht, d'Geographie an d'Ekonomie vum Land).


  • Trausch, Gilbert (sous la direction de), 2003. Histoire du Luxembourg. Le destin européen d'un « petit pays ». Éditions Privat, Toulouse. 33 S. ISBN 2-7089-4773-7

Kuckt och


Nuvola apps xmag.png Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Portal:Lëtzebuerg


  • Benelux

Um Spaweck






Commons-logo.svg
   



Commons: Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien
  • Haaptsäit vun der Lëtzebuerger Regierung

  • Haaptsäit vun der Lëtzebuerger Administratioun

  • Kulturgeschicht vu Lëtzebuerg


  • Is it true what they say about… Luxembourg?, 10 Kuerzfilmer iwwer Lëtzebuerg (en)










Arms of the Grand Duchy of Luxembourg.svg

Lëtzebuerg – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer Lëtzebuerg.


Referenzen an Notten



  1. Streng geholl gëtt et zu Lëtzebuerg keng "offiziell" Sprooch: d'Lëtzebuerger Konstitutioun verweist op e Gesetz, mä de Legislateur gebraucht am Gesetz iwwer de Sproochegebrauch just d'Termen Nationalsprooch, Gesetzessprooch a Verwaltungssprooch


  2. http://www.rtl.lu/letzebuerg/1167086.html


  3. "Le seuil des 600 000 habitants dépassé au 1er janvier 2018 ." Communiqué, STATEC, 14 avril 2018.


  4. Art.38. En quatrième lieu, dans la Province et Duché de Luxembourg, lesdit Seigneur Roy Tres-Chrestien demeurera saisi, jouira effectivement des places de Thionville, Montmedy, Damvillers, leurs appartenances, dépendances, annexes, Prevostez et Seigneuries: et de la Ville et Prevosté d'Ivoy, de Chavency le Chateau, et sa Prevosté ; et du lieu et Poste de Marville, situé sur la petite riviere appelée Vezin, et de la Prevosté dudit Marville, lequel lieu et Prevosté avoient autrefois appartenu, partie aux ducs de Luxembourg, et partie à ceux de Bar


  5. Cf. Loi du 24 février 1984 sur le régime des langues, Mémorial A n°16: 196-197, 27.02.1984.


  6. "Population par sexe et par nationalité au 1er janvier (x 1 000) 1981, 1991, 2001 - 2017." op statistiques.public.lu. D'Zuele sinn all op 100 gerënnt.


  7. 7,07,1 "Vue d'ensemble du marché du travail (en 1 000 personnes) 2000 - 2016" op statistique.publc.lu.



Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Lëtzebuerg_(Land)&oldid=2167865“





Navigatiounsmenü


























(window.RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgPageParseReport":"limitreport":"cputime":"0.292","walltime":"0.365","ppvisitednodes":"value":939,"limit":1000000,"ppgeneratednodes":"value":0,"limit":1500000,"postexpandincludesize":"value":26191,"limit":2097152,"templateargumentsize":"value":2866,"limit":2097152,"expansiondepth":"value":5,"limit":40,"expensivefunctioncount":"value":1,"limit":500,"unstrip-depth":"value":0,"limit":20,"unstrip-size":"value":6013,"limit":5000000,"entityaccesscount":"value":1,"limit":400,"timingprofile":["100.00% 228.194 1 -total"," 58.91% 134.421 1 Schabloun:Infobox_Land"," 37.69% 85.998 2 Schabloun:Wikidata"," 10.20% 23.275 1 Schabloun:Navigatioun_Memberstaaten_EU"," 9.59% 21.891 2 Schabloun:Navbox"," 4.46% 10.171 1 Schabloun:Commonscat"," 4.37% 9.976 1 Schabloun:Referenzen_an_Notten"," 3.02% 6.888 1 Schabloun:Commons"," 2.86% 6.529 1 Schabloun:NATO"," 2.63% 6.005 1 Schabloun:En"],"scribunto":"limitreport-timeusage":"value":"0.070","limit":"10.000","limitreport-memusage":"value":2733405,"limit":52428800,"cachereport":"origin":"mw1337","timestamp":"20190308103507","ttl":2592000,"transientcontent":false);mw.config.set("wgBackendResponseTime":195,"wgHostname":"mw1253"););

Popular posts from this blog

Masuk log Menu navigasi

Identifying “long and narrow” polygons in with PostGISlength and width of polygonWhy postgis st_overlaps reports Qgis' “avoid intersections” generated polygon as overlapping with others?Adjusting polygons to boundary and filling holesDrawing polygons with fixed area?How to remove spikes in Polygons with PostGISDeleting sliver polygons after difference operation in QGIS?Snapping boundaries in PostGISSplit polygon into parts adding attributes based on underlying polygon in QGISSplitting overlap between polygons and assign to nearest polygon using PostGIS?Expanding polygons and clipping at midpoint?Removing Intersection of Buffers in Same Layers

Старые Смолеговицы Содержание История | География | Демография | Достопримечательности | Примечания | НавигацияHGЯOLHGЯOL41 206 832 01641 606 406 141Административно-территориальное деление Ленинградской области«Переписная оброчная книга Водской пятины 1500 года», С. 793«Карта Ингерманландии: Ивангорода, Яма, Копорья, Нотеборга», по материалам 1676 г.«Генеральная карта провинции Ингерманландии» Э. Белинга и А. Андерсина, 1704 г., составлена по материалам 1678 г.«Географический чертёж над Ижорскою землей со своими городами» Адриана Шонбека 1705 г.Новая и достоверная всей Ингерманландии ланткарта. Грав. А. Ростовцев. СПб., 1727 г.Топографическая карта Санкт-Петербургской губернии. 5-и верстка. Шуберт. 1834 г.Описание Санкт-Петербургской губернии по уездам и станамСпецкарта западной части России Ф. Ф. Шуберта. 1844 г.Алфавитный список селений по уездам и станам С.-Петербургской губернииСписки населённых мест Российской Империи, составленные и издаваемые центральным статистическим комитетом министерства внутренних дел. XXXVII. Санкт-Петербургская губерния. По состоянию на 1862 год. СПб. 1864. С. 203Материалы по статистике народного хозяйства в С.-Петербургской губернии. Вып. IX. Частновладельческое хозяйство в Ямбургском уезде. СПб, 1888, С. 146, С. 2, 7, 54Положение о гербе муниципального образования Курское сельское поселениеСправочник истории административно-территориального деления Ленинградской области.Топографическая карта Ленинградской области, квадрат О-35-23-В (Хотыницы), 1930 г.АрхивированоАдминистративно-территориальное деление Ленинградской области. — Л., 1933, С. 27, 198АрхивированоАдминистративно-экономический справочник по Ленинградской области. — Л., 1936, с. 219АрхивированоАдминистративно-территориальное деление Ленинградской области. — Л., 1966, с. 175АрхивированоАдминистративно-территориальное деление Ленинградской области. — Лениздат, 1973, С. 180АрхивированоАдминистративно-территориальное деление Ленинградской области. — Лениздат, 1990, ISBN 5-289-00612-5, С. 38АрхивированоАдминистративно-территориальное деление Ленинградской области. — СПб., 2007, с. 60АрхивированоКоряков Юрий База данных «Этно-языковой состав населённых пунктов России». Ленинградская область.Административно-территориальное деление Ленинградской области. — СПб, 1997, ISBN 5-86153-055-6, С. 41АрхивированоКультовый комплекс Старые Смолеговицы // Электронная энциклопедия ЭрмитажаПроблемы выявления, изучения и сохранения культовых комплексов с каменными крестами: по материалам работ 2016-2017 гг. в Ленинградской области