Skip to main content

Lëtzebuerg (Stad) Inhaltsverzeechnes Geographie | Geschicht | Quartiere vun der Stad | Politik | Bevëlkerung | Ekonomie | Verkéier | Konscht a Kultur | Interkommunal Syndikater | Kuckeswäertes | Literatur | Fotoalbum vun der Stad Lëtzebuerg | Kuckt och | Um Spaweck | Referenzen Navigatiounsmenü49° 36’ 39’’ N06° 07’ 51’’ Ohttp://www.vdl.luSTATECVon Weimerskirch nach Luxemburg: Die topographische Entwicklung der Stadt Luxemburg im Mittelalter.Offiziell Säit vun der Stad LëtzebuergD'Gemeng Lëtzebuerg op der Websäit vum SyvicolLes 24 quartiers de la Ville"100.000 Einwohner: Luxemburg-Stadt ist jetzt Großstadt."Global Financial Centres"Von Zahlen und Menschen."André Hohengarten, Die Nazi-Gewaltherrschaft in Luxemburg-StadtLCTO, Spurensuche Zweiter WeltkriegStatistiques sur la Ville de Luxembourg - État de la population 2016"Es gibt noch Bauern in der Stadt."Michel Pauly: "Wann kommt BahnHybrid?"ää

AmsterdamAndorra la VellaAthenBelgradBerlinBernBratislavaBréisselBudapestBukarestChişinăuDublinEriwanHelsinkiKiewKopenhagenLissabonLjubljanaLëtzebuergLondonMadridMinskMoskauNikosiaOsloParäisPodgoricaPragReykjavíkRigaRoumSarajevoSkopjeSofiaStockholmTallinnTiflisTiranaVaduzVallettaVilniusWarschauWienZagrebBartrengHesperKonterLëtzebuergNidderaanwenSandweilerSchëtterSteeselStroossenWalferWeiler-la-Tour


Stad LëtzebuergUniversitéitsstiedGemengen zu LëtzebuergStied zu LëtzebuergWeltkulturierfschaften an EuropaUertschaften déi d'Légion d'honneur kruten


lëtzebuergesche StiedHaaptstadGroussherzogtum Lëtzebuerg102GemengenUelzechtPéitrussRéimerzäitFestungNeizäit1867Gibraltar vum NordenBréisselStroossbuergEuropäescher UniounPéitrussUelzechtSandsteenGronnClausenPafendallStadparkFestungsmauerenGlacisLampertsbiergBelairMärelRollengergronnMillebaachZéissengNeierAler BréckGareBouneweg-Nord/VerluerekaschtBouneweg-SüdGaasperechHollerechKierchbiergNeiduerf/WeimeschhaffZensHammPolvermillenEechWeimeschkierchDummeldengBeggenRéimerzäiteRéimerstroossenArelTréierMetzBockfielsTréierer Abtei St. MaximinArdennergrofSiegfried I.963987Äerzbëschof vun TréierEgbert977993AltärMéchelskierchFëschmaartWeimeschkierchgeopoliteschtopographesch10. Joerhonnert12. JoerhonnertRue du FosséNikloskierchKrautmaart1221Walram vu LimbuergDäitschhärenuerden1234Helleg-Geescht-PlateauMuedeléineKlarissenuerdenFranziskanerBounewegleprakrankZisterzienserDominikanerJang de BlannenSchueberfouer30. Juni15091554BlëtzschlagPolvermagasengVerwëllefgotesch1340Jang de Blannen1867BurgunderSpuenierHabsburgerFransousenPreisen17. JoerhonnertKasematteVauban17301740Éisträicher1795LëtzebuergFrankräichDépartement des Forêts1815Wëllem I. vun HollandTraité vu London1867Boulevard RoyalBoulevard du Prince HenriStater ParkNei Bréck1920EechHammHollerechRollengergronnNaziregimm zu LëtzebuergPlëss d'Arem6. August1940Gustav Simon10. September1944Prënz FelixPhilippsgaass1933JuddefeindlechkeetHenry MillerMonterey-AvenueTréier1. September1942Ënneschtgaasszweet Stater Synagog1943Avenue Marie-ThérèseBëschof PhillippeAler BréckBoulevard de la PétrusseCentre de documentation et de recherche sur la RésistanceVilla PaulyGestapoGëlle Fra21. Oktober1940NationalbibliotheikKolléischzwangsrekrutéiertKnuedlerUnio'n vun de Fräiheetsorganisatiounen10. September1952Lëtzebuerger OfkommesBundesrepublik DäitschlandJudden1952Europäescher Communautéit fir Kuel a Stol1981Europäesche ParlamentEuropäescher UniounEuropäesche GeriichtshaffEuropäesche RechnungshaffEuropäesch InvestitiounsbankEuropäeschen InvestmentfongEuropaparlamentEurostatEuropäesche StabilitéitsmechanismusGemengerotSchäffenLydie PolferDPBuergermeeschteschdeene GréngenCSVChamberStaatsrotGroussherzogGroussherzogleche PalaisRegierungCité judiciaireEuropaAsienAmerikaAfrikaOzeanienServicerBankenArcelor MittalRTL GroupSekundärsecteurLuxlait2009Villeroy & Boch2010Heintz Van LandewyckNordstadPrimärsecteurFluchhafe LëtzebuergFindelSandweilerN1N2N3N4N5N6N7N11A1A3A4A6Stater GareInterCityTréierNorddeichOstfrieslandTGVInterRegio mBruxelles-MidiInterCity JNanzegRegionalexpresseTERNiceLunéareseaudéi vun HollerechDummeldengZens-HammKierchbierg-PafendallGare bei ZéissengAutobus de la Ville de LuxembourgBussenRGTRTramLuxexpoRout BréckVëloVel'oH!Villa VaubanGeschichtsmusée vun der Stad LëtzebuergNationalmusée fir Geschicht a KonschtNationalmusée fir NaturgeschichtMUDAMFestungsmuséeAm TunnelSpuerkeessBiergercasinoNationalbibliothéikGroussen Theater vun der Stad LëtzebuergKapuzinertheaterKasemattentheaterThéâtre du CentaureTOLPhilharmonieConservatoire vun der Stad LëtzebuergDen AtelierzougemaachUtopiaMultiplexUtopolisKierchbiergKinepolis GroupCinemathéik vun der Stad LëtzebuergNationalbibliothéikNationalarchivArchivBibliothéikFotothéik vun der Stad LëtzebuergCoqueNeimënsterEspace culturel CitéCarré Rotondesinterkommunale SyndikaterNuvola filesystems folder home.png












Lëtzebuerg (Stad)




Vu Wikipedia






Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen




















Lëtzebuerg

Blason ville lu Luxembourg-ville.svg

GemeKnued2.JPG
d'Stadhaus um Knuedler

Aussprooch

An anere Sproochen
fr: Luxembourg
de: Luxemburg
Land
Lëtzebuerg
Kanton
Lëtzebuerg
Buergermeeschter
Lydie Polfer (DP)
Awunner
119.215 (1 Januar 2019)
Fläch
5.124 Hektar
Koordinaten
49° 36’ 39’’ N
06° 07’ 51’’ O

Websäit
http://www.vdl.lu


Map Luxembourg.PNG
D'Gemeng Lëtzebuerg (orange)
am Kanton Lëtzebuerg (rout)


Lëtzebuerg, am Volleksmond dacks just d'Stad genannt, ass eng vun den 12 lëtzebuergesche Stied an d'Haaptstad vum Groussherzogtum Lëtzebuerg. Si ass eng vun den 102 lëtzebuergesche Gemengen a mat 119.215 Awunner (1 Januar 2019) déi Gemeng mat der héchster Bevëlkerung am Land. Den 23. Oktober 2012 hat si d'100.000 Awunner iwwerschratt a gouf domat zu enger Groussstad[1].


D'Stad Lëtzebuerg läit um Zesummefloss vun der Uelzecht an der Péitruss. Hir Geschicht geet bis an d'Réimerzäit zréck, a si gouf wéinst hirer Festung, déi zanter dem Ufank vun der Neizäit bis 1867 bestoung an ëmmer méi ausgebaut gi war, "Gibraltar vum Norden" genannt.


Lëtzebuerg ass nieft Bréissel a Stroossbuerg Verwaltungssëtz vun der Europäescher Unioun. Donieft ass d'Stad eng vun de gréisste Finanzplazen an Europa[2].




Inhaltsverzeechnes





  • 1 Geographie


  • 2 Geschicht

    • 2.1 Festung


    • 2.2 Spure vun der Zäit 1940-1945


    • 2.3 Nom Zweete Weltkrich


    • 2.4 Entwécklung vun der Stad iwwer en halleft Joerdausend



  • 3 Quartiere vun der Stad


  • 4 Politik

    • 4.1 Gemeng Lëtzebuerg


    • 4.2 Buergermeeschteren


    • 4.3 Haaptstad vum Land



  • 5 Bevëlkerung

    • 5.1 Entwécklung vun der Awunnerzuel

      • 5.1.1 Awunner vun der Stad Lëtzebuerg no Nationalitéit[14]


      • 5.1.2 Awunner vun der Stad Lëtzebuerg no Quartier[14]




  • 6 Ekonomie


  • 7 Verkéier

    • 7.1 Loftverkéier


    • 7.2 Stroosseverkéier


    • 7.3 Ëffentlechen Transport

      • 7.3.1 Eisebunn


      • 7.3.2 Bussen


      • 7.3.3 Soss




  • 8 Konscht a Kultur


  • 9 Interkommunal Syndikater


  • 10 Kuckeswäertes

    • 10.1 Bemierkenswäert Beem



  • 11 Literatur


  • 12 Fotoalbum vun der Stad Lëtzebuerg


  • 13 Kuckt och


  • 14 Um Spaweck


  • 15 Referenzen




Geographie |


Den historeschen Zentrum vun der Stad, d'Alstad, ass no Norden, Osten a Süden hi vun 30–50 m déiwen Däller ëmginn, déi duerch d'Péitruss an d'Uelzecht an de Sandsteen gegruewe goufen.


D'Quartieren an der sougenannter Ënnerstad sinn de Gronn, Clausen an de Pafendall. No Westen hin erstreckt sech hanner dem Stadpark, deen op der Plaz vun de Festungsmaueren ugeluecht gouf, e Plateau, deen iwwer de Glacis an de Lampertsbierg iwwergeet. Weider westlech kënnt een an d'Quartiere Belair a Märel. Nordwestlech vum Zentrum sinn de Rollengergronn an d'Millebaach ze fannen.


A südwestlecher Richtung vum Zentrum läit Zéisseng. No Süden, déisäit dem Péitrussdall, dee vun der Neier an der Aler Bréck iwwerspaant gëtt, leien d'Quartiere Gare, Bouneweg-Nord/Verluerekascht a Bouneweg-Süd. Weider südlech leie Gaasperech an Hollerech.


Ëstlech vum Zentrum, déisäit der Uelzecht, ass de Plateau vum Kierchbierg, och Europäesche Quartier genannt. E bësse méi südlech dovu leien Neiduerf/Weimeschhaff, den Zens an Hamm. Tëscht dem Garer Quartier an dem Zens läit d'Polvermillen.


Am Norde leien, dem Laf vun der Uelzecht no, Eech, Weimeschkierch, Dummeldeng a Beggen.




Panorama Alstad, vun der Tréierer Strooss op der Rumm aus gesinn.




Vue op d'Stad vum Joan Blaeu, 1649.



Geschicht |


Schonn zu Réimerzäite sinn do, wou haut d'Stad Lëtzebuerg ass, zwou Réimerstroossen, de Kiem vun Arel op Tréier an eng Niewestrooss (diverticulum) vun där vu Metz op Tréier, zesummekomm. An der Spéitréimescher Zäit gouf um Bockfiels eng kleng Festungsanlag gebaut, fir engersäits d'Strooss an d'Bréck iwwer d'Uelzecht ze sécheren, an, anerersäits, fir de Germanen hir Incursioune sou wäit wéi méiglech ze stoppen. Am fréie Mëttelalter stoung vun där Anlag net méi vill, mä d'Plaz gouf "kleng Buerg" genannt. Dësen Numm gouf als Lucilinburhuc an an engem Tauschdokument eng éischt Kéier schrëftlech ernimmt: Duerch en Tosch mat der Tréierer Abtei St. Maximin huet den Ardennergrof Siegfried I. ëm d'Joer 963 Lännereien zu Lëtzebuerg getosch (dësen Tosch gouf méiglecherweis de 17. Abrëll 987 festgehalen). Hien huet du säi Schlass um Bockfiels gebaut.[3]


987, huet den Äerzbëschof vun Tréier, den Egbert (977-993), fënnef Altär an der Erléiserkierch (haut Méchelskierch) geweit.[4] Op der Kräizung vun de Réimerweeër bei der Kierch ass e Maart entstanen (den haitege Fëschmaart), ronderëm dee sech eng Uertschaft entwéckelt huet.


Mä schonn ier déi éischt Haiser ëm den haitege Fëschmaart entstane sinn, hu Leit am Gronn, a virun allem zu Weimeschkierch gewunnt. Zu Weimeschkierch hat d'Abtei Sankt Maximin zanter dem 9. Joerhonnert eng gréisser Grondherrschaft (926 gouf et do 6 Millen).[5]


Wéinst hirer Lag, souwuel geopolitesch wéi topographesch gesinn, hat d'Stad Lëtzebuerg zanter hirem Bestoen eng wichteg militärstrategesch Bedeitung. Am 10. Joerhonnert gouf schonn déi éischt Befestegung gebaut. Um Enn vum 12. Joerhonnert, wéi d'Stad sech ëmmer méi no Westen hin ausgebreet huet, koum eng 2. Festungsmauer dobäi (D'"Rue du Fossé" war de Festungsgruef zu där Mauer). Deemools gouf d'Nikloskierch gebaut, an en neie Maart (den haitege Krautmaart) koum bäi. 1221 gouf bei der Uecht-Paart am Westen en Hospiz gebaut, deem seng Gestioun de Walram vu Limbuerg dem Däitschhärenuerden iwwerdroen huet. Dëst gouf en hallef Joerhonnert drop an de Gronn transferéiert.


Am Spéitmëttelalter goufen e puer weider Kléischter gegrënnt: géint 1234 hunn op der Schadeburg (dem haitegen Helleg-Geescht-Plateau) fromm Biergerinnen e Muedeléine-Klouschter opgemaach, dat ëm 1264 an de Klarissenuerden opgeholl gouf; och d'Franziskaner hu sech virun der deemoleger Stadsmauer néiergelooss, zu Bouneweg goung e Klouschter op, dat sech ëm leprakrank Leit gekëmmert huet, a spéider an sech méi spéit den Zisterzienser ugeschloss huet. 1292 dann hunn hunn d'Dominikaner sech nordëstlech vun der Buerg installéiert.[6]


Am Ufank vum 14. Joerhonnert hat d'Stad eppes iwwer 900 Stéit, deemno ronn 5.000 Awunner.[7] Se war dunn ongeféier 5 Hektar grouss. 1340 huet de Jang de Blannen e Joermaart grënne gelooss, dee bis haut besteet: d'Schueberfouer.


Den 30. Juni 1509 gouf et e grousst Feier an der Uewerstad, dat 5-6 Deeg gebrannt huet, an eng 180 Haiser, dorënner d'Méchelskierch, zerstéiert huet.[8]. E puer Joerzéngten duerno, am Summer 1554, ass duerch e Blëtzschlag d'Polvermagaseng am Verwëllef vun der Franziskanerkierch explodéiert, an duerch d'Feier dat doduerch entstanen ass, alt nees e groussen Deel vun der Uewerstad verbrannt. Dofir gëtt et kaum mëttelalterlech oder gotesch Stilelementer, déi an der Architektur vun der Stad erhale wieren.[9]



Festung |


Géint 1340, ënner dem Jang de Blannen, sinn nei Festunge gebaut ginn, déi zum Deel bis 1867 stoungen. Déi verschidden Hären a Meeschteren (Burgunder, Spuenier, Habsburger, Fransousen a Preisen) hunn an de Joerhonnerten duerno d'Festung ëmmer méi ausgebaut a se zu enger vun deene stäerksten an Europa gemaach.


Am 17. Joerhonnert hunn d'Spuenier déi éischt Kasematte gebaut. Se goufen ënner dem Vauban ausgebaut a 1730-1740 vun den Éisträicher nach eng Kéier vergréissert.


Nuvola apps xmag.png Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Festung Lëtzebuerg


1795, ass Lëtzebuerg vu Frankräich annexéiert ginn, d'Stad gouf Prefektur vum Département des Forêts. 1815 gouf d'Stad zu enger "Bundesfestung", an där preisesch Truppe stationéiert goufen. Gläichzäiteg gouf d'Land pro forma als Groussherzogtum nei erschafen, mam Wëllem I. vun Holland als Groussherzog.


Nom Traité vu London vun 1867 huet d'Festung missen ofgerappt an dem Buedem gläich gemaach ginn. Et huet 16 Joer gedauert, bis dës Aarbechte méi oder manner ofgeschloss waren. Se hunn 1,5 Millioune Goldfrang kascht. Op en Deel vun de fréiere Festungsanlage sinn nei breet Stroossen (Boulevard Royal, Boulevard du Prince Henri) an de Stater Park ugeluecht ginn. Elo konnt d'Stad sech no alle Säiten ausbreeden. De Plateau Bourbon, mat der Alstad iwwer d'Nei Bréck (gebaut 1900-1903) verbonnen, war ee vun den éischten neie Quartieren, déi sou entstane sinn.


1920 hunn d'Gemengen Eech, Hamm, Hollerech a Rollengergronn mat der Stad Lëtzebuerg fusionéiert.



Spure vun der Zäit 1940-1945 |




Den houfrege Wiert mat Wuechthond vru sengem «Arier-Lokal».


A Stroossen an op Haiser si bis haut d'Spure vum Naziregimm zu Lëtzebuerg ze gesinn [10][11].


D'Plëss d'Arem steet sou wuel fir den Ufank vum Naziregimm, wéi fir d'Enn: de 6. August 1940 ass de Gauleiter Gustav Simon fir d'éischt op dëser Plaz opgetrueden an den 10. September 1944 hunn d'Lëtzebuerger op därselwechter Plaz déi 5. amerikanesch Panzerdivisioun zesumme mam Prënz Felix als Befreier vu Lëtzebuerg gefeiert.


An der Philippsgaass op Nr. 19 war deemools de Café de la Poste. Hei gouf schonn Enn 1933 de Grondstee fir déi éischt ëffentlech Juddefeindlechkeet geluecht, andeems e Schëld Judenfreies Lokal ubruecht gouf. Den amerikanesche Schrëftsteller Henry Miller huet zu deem Zäitpunkt d'Lokal zoufälleg entdeckt an d'Situatioun a sengem Buch Quiet days in Clichy beschriwwen. Vis-à-vis op Nr. 28 an der Philippsgaass steet d'Gebai vun Commissariat au Rapatriement, deen 1944 an d'Liewe geruff gouf, fir déi dausende vu Lëtzebuerger Krichsgefaangener nees heemzebréngen oder déi stierflech Iwwerreschter vun deenen, déi ëmkomm sinn an do wou Grafsteng bekannt waren, dës op Lëtzebuerg ze verleeën.


An der Monterey-Avenue, war den ale Sëtz vun der Haaptpostverwaltung. An der Zäit vun der däitscher Besatzung koum d'Post ënner d'Obhut vum Reichspostdirektor vun Tréier. Haut erënnert nach eng stenge Plack mat engem bronze Relief un déi 26 Postbeamten, déi am Krich gefall sinn, awer och un de Proteststreik vun enger Rei Postler den 1. September 1942 géint d'Aféierung vun der Wehrpflicht.




Plack an der Ënneschtgaass


An der Ënneschtgaass erënnert eng Plack um Gebai vum Educatiounsministère un déi zweet Stater Synagog, déi am Hierscht 1943 vun den Nazien ofgerappt gouf.


An der Avenue Marie-Thérèse op Nr. 3 stoung dat aalt Bëschofshaus. Den deemolege Bëschof Phillippe war déi eenzeg Lëtzebuerger Autoritéit, déi d'Land am Krich net verlooss hat an dee seng Plaz no der Besatzung hale konnt. Op Nr. 5, am bëscheefleche Konvikt war an der Besatzungszäit en däitscht Lazarett.


Nieft der Aler Bréck steet e Fräiheetsstee fir un d'Befreiung vu Lëtzebuerg, der Belsch a Frankräich duerch d'US-Zaldoten z'erënneren.




Erënnerungsplack.


Um Boulevard de la Pétrusse, ass op Nr. 57 de Centre de documentation et de recherche sur la Résistance. An dësem Gebai, dat och als Villa Pauly bekannt ass, war vun 1940 bis 1944 de Sëtz vun der Gestapo, der Geheimer Staatspolice. Dëst Gebai, an deem och gefoltert gouf, ass d'Symbol vun der Terrorherrschaft vum Naziregimm zu Lëtzebuerg.


Dat markantst Monument an der Stad ass wuel d'Gëlle Fra. Den 21. Oktober 1940 gouf si vun den Nazien, ënner Protest vun de Lëtzebuerger, ofgerappt.


An der haiteger d'Nationalbibliotheik war bis 1964 de Kolléisch. Vill Schüler goufen zwangsrekrutéiert.


Am Stadhaus um Knuedler erënnert an der Entrée eng kleng Bronzeplack un d'Grënnung vun der Unio'n vun de Fräiheetsorganisatiounen.



Nom Zweete Weltkrich |


Am Festsall vum Stadhaus um 1. Stack gouf den 10. September 1952 d'Lëtzebuerger Ofkommes ënnerschriwwen, den éischten internationale Vertrag, mat deem d'Bundesrepublik Däitschland d'Verantwortung fir de Vëlkermord un den europäesche Judden duerch dat nationalsozialistescht Däitschland iwwerholl huet.


1952 gouf d'Stad Lëtzebuerg, laang Zäit just provisoresch, Sëtz vun der Europäescher Communautéit fir Kuel a Stol. Bis 1981 goufen do och verschidden Deel-Sessioune vum Europäesche Parlament ofgehalen. D'Stad ass weiderhi Sëtz vu villen Organer vun der Europäescher Unioun, dorënner den Europäesche Geriichtshaff, den Europäesche Rechnungshaff, d'Europäesch Investitiounsbank, den Europäeschen Investmentfong, d'Sekretariat vum Europaparlament, Eurostat an den Europäesche Stabilitéitsmechanismus


Nuvola apps xmag.png Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Sëtz vun den europäeschen Institutiounen



Entwécklung vun der Stad iwwer en halleft Joerdausend |




D'Stad haut.[12]



Quartiere vun der Stad |


D'Stad Lëtzebuerg ass a 24 Quartieren[13] agedeelt:



  • Beggen

  • Belair


  • Bouneweg (inkl. Verluerekascht)

  • Clausen

  • Dummeldeng

  • Eech

  • Gaasperech

  • Gare

  • Gronn

  • Hamm

  • Hollerech

  • Kierchbierg

  • Lampertsbierg

  • Märel

  • Millebaach

  • Neiduerf


  • Pafendall (inkl. Sichenhaff)

  • Polvermillen

  • Rollengergronn

  • Weimeschhaff

  • Weimeschkierch

  • Zéisseng

  • Zens

  • Zentrum



Politik |



Gemeng Lëtzebuerg |


De Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg huet 27 Memberen. Et gëtt zanter 2017 siwe Schäffen.
Zanter dem 17. Dezember 2013 ass d'Lydie Polfer (DP) Buergermeeschtesch. D'DP hat vun 2005 bis 2017 an enger Koalitioun mat deene Gréngen d'Majoritéit am Gemengerot. Vun 2017 un ass et an enger Koalitioun mat der CSV.


Zesummesetzung
























































JoerADRCSVDPgréngKPLLénkLSAP
PPLU
........................-
199926112015-
200516115004-
201115105024-
201717950230

Quell: Inneministère / RTL.lu / elections.lu. Fett: Majoritéits-Koalitioun, déi de Buergermeeschter a Schäfferot stellt.



Buergermeeschteren |


Nuvola apps xmag.png Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Lëscht vun de Buergermeeschtere vun der Stad Lëtzebuerg



Haaptstad vum Land |


Als Haaptstad vum Land hunn och all konstitutionell Organer a vill staatlech Administratiounen hire Sëtz: d'Chamber, de Staatsrot, de Groussherzog (Groussherzogleche Palais), d'Regierung an déi verschidde Ministèren, d'Justizorganer (an der Cité judiciaire).



Bevëlkerung |



Entwécklung vun der Awunnerzuel |




Quell:STATEC


Zanter 2012 ass d'Stad Lëtzebuerg eng Groussstad, well si vun do u méi wéi 100.000 Awunner huet.[1] Enn 2016 waren 114.090 Leit an der Stad ageschriwwen, dovun 80.788 Net-Lëtzebuerger. Dat si 70,81% vun der Populatioun.[14] Vun den 163 Nationalitéiten, déi an der Bevëlkerung vertruede waren, koumen 105.216 (92,77%) Awunner aus Europa. 4.113 (3,28 %) vun den Awunner waren aus Asien, 2.457 (2,06%) aus Amerika, 2.111 (1,75%) aus Afrika an 102 (0,09%) aus Ozeanien. Fir 54 Awunner (0,04%) war hir Nationalitéit onbestëmmt a 37 Persounen (0,01%) waren Apatriden[14].


Zum selwechten Zäitpunkt war déi männlech Populatioun (58.398 also 51,19%) liicht an der Iwwerzuel par Rapport zu de Fraen (55.692 deemno 48,81%) .


2016 sinn an der Stad Lëtzebuerg 1.258 Kanner gebuer ginn (321 Lëtzebuerger an 937 Auslänner) an am selwechte Joër si 570 Leit gestuerwen (419 Lëtzebuerger an 151 Auslänner)[14].



Awunner vun der Stad Lëtzebuerg no Nationalitéit[14] |


















































































RangNationalitéitAwunner
Prozent
RangNationalitéitAwunner
Prozent
1
Flag of Luxembourg.svg Lëtzebuerg
33.302
29,19
10
Flag of Greece.svg Griicheland
1.651
1,45
2
Flag of France.svg Frankräich
19.581
17,16
11
Flag of Poland.svg Polen
1.496
1,31
3
Flag of Portugal.svg Portugal
13.024
11,42
12
Flag of the United States.svg USA
1.119
0,98
4
Flag of Italy.svg Italien
7.821
6,86
13
Flag of the People's Republic of China.svg China
1.035
0,91
5
Flag of Belgium (civil).svg Belsch
4.617
4,05
14
Flag of Sweden.svg Schweden
998
0,87
6
Flag of Germany.svg Däitschland
3.925
3,44
15
Flag of the Netherlands.svg Holland
919
0,81
7
Flag of Spain.svg Spuenien
3.317
2,91
16
Flag of India.svg Indien
872
0,76
8
Flag of the United Kingdom.svg Vereenegt Kinnekräich
2.248
1,97
Aner Nationalitéiten16.339
14,32
9
Flag of Romania.svg Rumänien
1.826
1,60
Total
114.090

Stand: Dez. 2016.



Awunner vun der Stad Lëtzebuerg no Quartier[14] |


















































































































Quartier
Total
% Lëtz.[15]% Ausl.[16]Quartier
Total
% Lëtz.[15]% Ausl.[16]

Beggen
3.455
29,51%
70,49%





Belair
11.285
29,83%
70,17%

Lampertsbierg
10.407
25,00%
75,00%

Bouneweg-Nord/Verluerekascht
4.172
27,83%
72,17%

Märel
5.381
27,06%
72,94%

Bouneweg-Süd
12.429
33,29%
66,71%

Millebaach
1.788
31,49%
68,51%

Clausen
980
24,80%
75,20%

Neiduerf/Weimeschhaff
5.940
24,41%
75,59%

Dummeldeng
2.558
29,12%
70,88%

Pafendall
1.252
39,38%
60,62%

Eech
2.735
26,07%
73,93%

Polvermillen
344
32,56%
67,44%

Gaasperech
5.699
36,43%
63,57%

Rollengergonn/Belair-Nord
4.301
26,76%
73,24%

Gare
10.330
15,61%
84,39%

Uewerstad
3.517
32,73%
67,27%

Gronn
969
40,56%
59,44%

Weimeschkierch
2.288
27,01%
72,99%

Hamm
1.445
44,91%
55,09%

Zéisseng
4.168
37,55%
62,45%

Hollerech
6.886
24,55%
75,45%

Zens
6.262
50,72%
49,28%

Kierchbierg
5.499
21,13%
78,87%

Total

114.090

29,19%

70,81%

Stand: Dez. 2016.



Ekonomie |


D'Ekonomie vun der Stad Lëtzebuerg berout virun allem op de Servicer. Eng besonnesch Roll spillt se als international Finanzplaz: Iwwer 150 Banken a soss Finanzinstituter sinn do aktiv.


Nuvola apps xmag.png Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Finanzplaz Lëtzebuerg


Zu deene bekanntsten international aktive Firme mat Sëtz an der Stad Lëtzebuerg zielen Arcelor Mittal an d'RTL Group. Och den Handel spillt eng wichteg Roll.


De Sekundärsecteur do dergéint ass, nodeem d'Luxlait hir Molkerei 2009 geplënnert, Villeroy & Boch seng Fabréck 2010 zougemaach huet, a wa bis 2017 Heintz Van Landewyck seng Fabréck an d'Nordstad geplënnert wäert hunn, kaum nach vertrueden. Wat de Primärsecteur betrëfft: 2012 gouf et nach een eenzege landwirtschaftleche Betrib an der Stad, an zwar zu Märel.[17]



Verkéier |


Als Haaptstad a gréisst Stad am Land huet d'Stad Lëtzebuerg och verkéierstechnesch eng zentral Roll.




D'Stater Gare



Loftverkéier |


De Fluchhafe Lëtzebuerg läit um Findel, an der Gemeng Sandweiler, 6 km vun der Stad ewech. Als internationale Fluchhafe bestinn direkt Linne mat diversen europäesche Stied.



Stroosseverkéier |


8 Nationalstroosse gi stralefërmeg vun der Stad aus fort: d'N1, d'N2, d'N3, d'N4, d'N5, d'N6, d'N7 an d'N11. D'Autobunnen A1, A3, A4 an A6 féieren an d'Stad, respektiv sinn Deel vum Contournement vun der Stad. Si sinn, ausser virleefeg nach d'A4, un d'Autobunnsnetz vun den 3 Nopeschlänner ugebonnen.



Ëffentlechen Transport |



Eisebunn |


An der Stater Gare lafe verschidden Eisebunnslinnen zesummen:



  • Lëtzebuerg - Ettelbréck - (belsch Grenz) - Gouvy - Léck


  • Lëtzebuerg – Beetebuerg – (franséisch Grenz) – Diddenuewen – Metz


  • Lëtzebuerg – Klengbetten – (belsch Grenz) – Arel – Bréissel


  • Lëtzebuerg – Péiteng – Rodange – (belsch/franséisch Grenz)


  • Lëtzebuerg – Waasserbëlleg – (däitsch Grenz) – Tréier

Iwwer déi Linnen huet d'Stater Gare Uschloss un d'Linn 35 vum däitschen InterCity-Netz, déi vun Tréier bis an den Hafe vun Norddeich an Ostfriesland féiert, un d'TGV-Netz vun der franséischer SNCF mat enger direkter Verbindung op Paräis, op Léck mat dem InterRegio m, op Bruxelles-Midi mam dem InterCity J, op Nanzeg mat den Regionalexpresse vum TER Loutrengen, an op Nice respektiv Portbou iwwer den Lunéareseau.


Ausser der Haaptgare gëtt et nach e puer méi kleng Garen um Stater Territoire: déi vun Hollerech, Dummeldeng an Zens-Hamm, an zanter Enn 2017, déi vum Kierchbierg-Pafendall.


Et besti Pläng, eng grouss nei Gare bei Zéisseng ze bauen, déi virun allem den internationale Verkéier ophuelen an d'Haaptgare entlaaschte soll; dovun ass awer an der zweeter Hallschecht vun den 2010er Joren näischt méi ze héieren.



Bussen |


D'Stad Lëtzebuerg bedreift, mat hirer Gesellschaft Autobus de la Ville de Luxembourg, en eegent Busnetz, bei deem eng 150 Bussen op 32 Linnen déi verschidde Quartieren ofdecken. Ausserdeem fuere ronn 120 Linne vum RGTR d'Stad Lëtzebuerg un.



Soss |


Bis 1964 gouf et en Tram an der Stad. Wéinst dem ëmmer méi héijen Autosverkéier gouf et zanter den 1990er Jore Pläng, en nees anzeféieren. Deen éischte Projet, "BTB" genannt, deen Trams- an Zuchreseau hätt sollen uneneen uschléissen, fir sou e méi grousst Anzuchsgebitt ofzedecken [18] ass wéinst dem Widderstand vun der Stater DP uganks 2000 op Äis geluecht ginn.


An de Joren duerno gouf un enger méi klenger Léisung laboréiert, déi d'Gare mam Kierchbierg soll verbannen. Am Juni 2012 huet d'Chamber dësem Projet zougestëmmt, deen zu 2/3 vum Staat an 1/3 vun der Stad finanzéiert soll ginn. Am Dezember 2017 gouf dat éischt Deelstéck vun der neier Tramslinn, provisoresch vun der Luxexpo bis bei d'Rout Bréck, a Betrib geholl.


Nuvola apps xmag.png Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Stater Tram


Zanter dem Mäerz 2008 gëtt et e Vëlo-Locatiounssystem, Vel'oH! genannt, dee vun enger privater Firma ënner Konzessioun bedriwwe gëtt, a bei deem een op ronn 50 verschiddene Plazen e Vëlo ausléinen an op enger anerer nees ofstelle kann.



Konscht a Kultur |




Den Nationalmusée fir Geschicht a Konscht um Fëschmaart




D'Philharmonie


An der Stad Lëtzebuerg gëtt et eng sëlleche Muséeën an Ausstellungen: Der Stad ënnerstallt sinn d'Villa Vauban an de Geschichtsmusée vun der Stad Lëtzebuerg. Staatlech Muséeën um Territoire vun der Stad sinn den Nationalmusée fir Geschicht a Konscht, den Nationalmusée fir Naturgeschicht, de MUDAM an de Festungsmusée. Z'ernimme sief och nach d'Galerie Am Tunnel, déi vun der Spuerkeess bedriwwe gëtt an de Biergercasino. 2016 huet de Regierungsrot gréng Luucht ginn, fir am Gebai vum Alen Atheneum, wou bis ewell d'Nationalbibliothéik dran ass, wann déi 2018 an hiert neit Gebai op de Kierchbierg géif plënneren, e Musée fir modern Konscht vu Lëtzebuerg z'amenagéieren.


D'Stad Lëtzebuerg bedreift zwéi Theateren: de Groussen Theater vun der Stad Lëtzebuerg an de Kapuzinertheater. Weider Theatersäll, déi de jeeweilegen Ensembele gehéieren, sinn de Kasemattentheater, den Théâtre du Centaure an den TOL.


Zu de Concertssäll um Territoire vun der Stad Lëtzebuerg zielen d'Philharmonie, de Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg an Den Atelier.


Vill Kinoen an der Stad hunn an deene leschte Joerzéngten zougemaach, haut gëtt et nach den "Artplex" Utopia um Lampertsbierg an de Multiplex Utopolis um Kierchbierg, déi allebéid vum Kinepolis Group bedriwwe ginn, an d'Cinemathéik vun der Stad Lëtzebuerg, déi der Stad ënnersteet.


Zu de weidere Kulturariichtungen an der Stad ze ziele sinn d'Nationalbibliothéik an Nationalarchiv, zwou staatlech Institutiounen, an och d'Archiv, d'Bibliothéik an d'Fotothéik vun der Stad Lëtzebuerg, souwéi eng Rëtsch privat Galerien, net ze vergiesse Gebaier wéi d'Coque, de Kulturzentrum Neimënster, den Espace culturel Cité oder de Carré Rotondes, wou regelméisseg kulturell Evenementer opgefouert ginn.



Interkommunal Syndikater |


D'Gemeng Lëtzebuerg ass Member vu folgenden interkommunale Syndikater:


  • SEBES

  • SICEC

  • SIDOR

  • SYVICOL


Kuckeswäertes |




De Cercle op der Plëss




D'Nei Bréck iwwer dem Péitrussdall



  • D'Alstad mat de Reschter vun der Festung (Weltkulturierfschaft)

  • D'Kathedral Notre-Dame

  • D'Gräinskapell

  • De Groussherzogleche Palais

  • D'Chamber

  • De Péitruss-Dall

  • De Quartier Gronn

  • De Kierchbierg

  • De Bockfiels

  • D'Dräi Eechelen, mam Mudam a mam Festungsmusée

  • De Fëschmaart

  • D'Gare

  • D'Gëlle Fra

  • D'Groussgaass (Stad Lëtzebuerg)

  • D'Corniche

  • D'Kasematten

  • Den Tunnel ënner der Stad

  • D'Rumm

  • D'Spuenesch Tiermercher

  • D'Neimënster-Abtei mat der Gehaanskierch

  • De Knuedler

  • D'Plëss d'Arem mam Cercle

  • D'Adolphe-Bréck

  • D'Clairefontaine-Plaz mam Monument fir d'Groussherzogin Charlotte

  • D'Méchelskierch

  • D'Rout Bréck

  • De Kanounenhiwwel mam Monument vun der nationaler Solidaritéit

  • D'Graf vum "Hauptmann von Köpenick" um Nikloskierfecht.



Bemierkenswäert Beem |



  • Buch am Péitrusdall

  • Bluttbuch bei der Méchelskierch

  • Käschtebam um Square Robert-Brasseur zu Lëtzebuerg

  • Bam vum Prënz Jean

  • Nëssert am Konviktsgaart

  • Hobuch op der Kinnekswiss

  • Sequoiaen am Amaliepark



Literatur |



  • Michel Pauly, 2012: "Von Weimerskirch nach Luxemburg: Die topographische Entwicklung der Stadt Luxemburg im Mittelalter." In: ons stad 99, 2012, S. 4-9. [Baséiert op: Michel Pauly: "Die tpographische Entwicklung der Stadt Luxemburg von den Anfängen bis zum Beginn des 16. Jahrhunderts", in: Leben im Mittelalter: Luxemburg, Metz und Trier. Studien zur mittelalterlichen Stadtgeschichte und -archäologie (Publ. scientifiques du Musée d'Histoire de la Ville de Luxembourg, t. II), Luxemburg 1998, S. 7-31, wou och weider Literaturreferenze sinn.]


  • Engelhardt, Friedrich Wilhelm, 1850. Geschichte der Stadt und Festung Luxemburg: seit ihrer ersten Entstehung bis auf unsere Tage, mit besonderer Rücksicht auf die kriegsgeschichtlichen Ereignisse, nebst Plan der Stadt und statistischer Einleitung


  • Sonja Kmec, 2008. Gibraltar des Nordens. In: Lieux de mémoire au Luxembourg. Erinnerungsorte in Luxemburg. 2. Editioun, S. 267-272. S. Kmec, B. Majerus, M. Margue, P. Peporte, éditeurs. éditions saint-paul, Lëtzebuerg. ISBN 978-2-87963-705-1.


  • Guy Thewes, 2008. La silhouette de la ville. In: Lieux de mémoire au Luxembourg. Erinnerungsorte in Luxemburg. 2. Editioun, S. 253-258. S. Kmec, B. Majerus, M. Margue, P. Peporte, éditeurs. éditions saint-paul, Lëtzebuerg. ISBN 978-2-87963-705-1.


Fotoalbum vun der Stad Lëtzebuerg |



Nuvola filesystems folder home.pngPortal Stad Lëtzebuerg




Kuckt och |



  • ons stad, e Périodique iwwer d'Stad Lëtzebuerg

  • Lëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng Lëtzebuerg

  • Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen

  • Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied

  • Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg

  • Aner Bedeitunge vum Wuert Lëtzebuerg


Um Spaweck |






Commons-logo.svg
   



Commons: Lëtzebuerg (Stad) – Biller, Videoen oder Audiodateien
  • Offiziell Säit vun der Stad Lëtzebuerg

  • D'Gemeng Lëtzebuerg op der Websäit vum Syvicol


  • Les 24 quartiers de la Ville (14 gi gewisen)



Referenzen



  1. 1,01,1 "100.000 Einwohner: Luxemburg-Stadt ist jetzt Großstadt." tageblatt.lu, 24. Oktober 2012 11:36; Akt: 24.10.2012 15:50


  2. Bericht vun der City of London Global Financial Centres (gekuckt den 20. Mee 2015)


  3. Pauly 2012 an der Literatur, S.5.


  4. Pauly 2012, S.5.


  5. Pauly 2012, S.4.


  6. Pauly 2012, S.7-8.


  7. Pauly 2012, S.8.


  8. Pauly, 2012, S.9.


  9. Zuele vum Biergerzenter. In: Jean Ensch: "Von Zahlen und Menschen." ons stad 99/2012, S.20-25.


  10. André Hohengarten, Die Nazi-Gewaltherrschaft in Luxemburg-Stadt, in: ons stad, Nr. 71, 2002.


  11. LCTO, Spurensuche Zweiter Weltkrieg


  12. Quell: http://www.openstreetmap.org/export/embed.html?bbox=6.0653,49.5595,6.205,49.661&layer=mapnik


  13. http://www.vdl.lu/Les+24+quartiers+de+la+Ville-p-63577.html


  14. 14,014,114,214,314,4 Statistiques sur la Ville de Luxembourg - État de la population 2016 (gekuckt den 21. Februar 2017)


  15. 15,015,1 Lëtzebuerger


  16. 16,016,1 Auslänner


  17. Elisabeth Boesen: "Es gibt noch Bauern in der Stadt." ons stad 99, 2012, S.44-47.


  18. D'LuxTraffic-Etüd gouf am November 1994 virgestallt, vgl.Michel Pauly: "Wann kommt BahnHybrid?" forum Nr. 166/Mäerz 1996, S.27-30.












Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Lëtzebuerg_(Stad)&oldid=2161792“










Navigatiounsmenü



























(window.RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgPageParseReport":"limitreport":"cputime":"1.264","walltime":"2.532","ppvisitednodes":"value":1716,"limit":1000000,"ppgeneratednodes":"value":0,"limit":1500000,"postexpandincludesize":"value":32794,"limit":2097152,"templateargumentsize":"value":1936,"limit":2097152,"expansiondepth":"value":11,"limit":40,"expensivefunctioncount":"value":4,"limit":500,"unstrip-depth":"value":0,"limit":20,"unstrip-size":"value":21389,"limit":5000000,"entityaccesscount":"value":5,"limit":400,"timingprofile":["100.00% 2261.371 1 -total"," 68.36% 1545.960 2 Schabloun:Infobox"," 68.01% 1538.011 1 Schabloun:Infobox_Uertschaft_Lëtzebuerg"," 61.51% 1391.004 25 Schabloun:Wikidata"," 60.09% 1358.791 21 Schabloun:If_empty"," 1.21% 27.353 1 Schabloun:Naviblock"," 0.85% 19.241 1 Schabloun:Referenzen"," 0.65% 14.731 2 Schabloun:Navbox"," 0.62% 14.019 1 Schabloun:Navigatioun_Haaptstied_an_Europa"," 0.48% 10.875 1 Schabloun:Br_separated_entries"],"scribunto":"limitreport-timeusage":"value":"0.812","limit":"10.000","limitreport-memusage":"value":15429008,"limit":52428800,"cachereport":"origin":"mw1304","timestamp":"20190427090907","ttl":2592000,"transientcontent":false););"@context":"https://schema.org","@type":"Article","name":"Lu00ebtzebuerg (Stad)","url":"https://lb.wikipedia.org/wiki/L%C3%ABtzebuerg_(Stad)","sameAs":"http://www.wikidata.org/entity/Q1842","mainEntity":"http://www.wikidata.org/entity/Q1842","author":"@type":"Organization","name":"Autoren der Wikimedia-Projekte","publisher":"@type":"Organization","name":"Wikimedia Foundation, Inc.","logo":"@type":"ImageObject","url":"https://www.wikimedia.org/static/images/wmf-hor-googpub.png","datePublished":"2004-12-22T18:44:53Z","dateModified":"2019-02-13T15:47:04Z","image":"https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/b/b8/GemeKnued2.JPG","headline":"Haaptstad vu Lu00ebtzebuerg a seng gru00e9isst Uertschaft"(window.RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgBackendResponseTime":133,"wgHostname":"mw1271"););

Popular posts from this blog

Identifying “long and narrow” polygons in with PostGISlength and width of polygonWhy postgis st_overlaps reports Qgis' “avoid intersections” generated polygon as overlapping with others?Adjusting polygons to boundary and filling holesDrawing polygons with fixed area?How to remove spikes in Polygons with PostGISDeleting sliver polygons after difference operation in QGIS?Snapping boundaries in PostGISSplit polygon into parts adding attributes based on underlying polygon in QGISSplitting overlap between polygons and assign to nearest polygon using PostGIS?Expanding polygons and clipping at midpoint?Removing Intersection of Buffers in Same Layers

Masuk log Menu navigasi

อาณาจักร (ชีววิทยา) ดูเพิ่ม อ้างอิง รายการเลือกการนำทาง10.1086/39456810.5962/bhl.title.447410.1126/science.163.3863.150576276010.1007/BF01796092408502"Phylogenetic structure of the prokaryotic domain: the primary kingdoms"10.1073/pnas.74.11.5088432104270744"Towards a natural system of organisms: proposal for the domains Archaea, Bacteria, and Eucarya"1990PNAS...87.4576W10.1073/pnas.87.12.4576541592112744PubMedJump the queueexpand by handPubMedJump the queueexpand by handPubMedJump the queueexpand by hand"A revised six-kingdom system of life"10.1111/j.1469-185X.1998.tb00030.x9809012"Only six kingdoms of life"10.1098/rspb.2004.2705169172415306349"Kingdoms Protozoa and Chromista and the eozoan root of the eukaryotic tree"10.1098/rsbl.2009.0948288006020031978เพิ่มข้อมูล